Wëllkomm op der Internetsäit vum Déifferdenger Hondssclub!

Amateurs du Chien de Race Déifferdeng

Den zweeteelsten Hondssportveräin aus Lëtzebuerg.

Mär si e Veräin deen säit 1924 existéiert.

Ugefangen huet dat ganzt mat dem traditionellen Hondssport, dat heescht Fährtenarbecht, Ënneruerdnung a Schutzdingscht.

Natierlech hat de Veräin och ëmmer eng Hondsschoul.

Duerno, virun iwwer 20 Joer, ass dann den Agility derbäi komm. Dës Sportaart ass mëttlerweil den Haaptbestanddeel vun eisen hondssportlechen Aktivitéiten. Eise Veräin ass an de läschte Joeren deen erfollegräichste Veräin am Land am Agility. Huelt iech e bëssen Zäit a kuckt iech eis Internetsäit un.

 

ACRD:  Do wou Hond a Meeschter sech richteg kenne léieren!