Hondsschoul a Welpeschoul

En Hond dee gutt erzunn ass ass en zefriddenen Hond. E fügt sech gutt a seng Ëmwelt an, seng Leit mussen e net ëmmer vernennen a se si frou mat him. De Mupp spiert dat, an dofir ass en frou mat senge Leit, an en ass zefridde mat sengem Liewen. 

Eng gutt Sozialiséierung an eng gutt Gronausbildung sin d'Basis fir e gutt Zesummeliewen.

An do kënnt d'Hondsschoul an d'Spill. Hei léiert den Hond dat alles, a seng Leit kréie gewise wéi se am Alldag mat him sollen ëmgoen.

 

D'Hondsschoul ass Méindes um 19:00 Auer a Samschdes um 15:00 Auer. D'Welpeschoul ass Samschdes um 14:00 Auer.

 

Ennert Kontakt kënn der eis uschreiwen an en éichten Termin ausmachen.
Kommt roueg eng Kéier laanscht äech dat ukucken.
Villäicht ass et genau dat richtegt fir äech an äre Mupp!