Landesmeeschterschaft Agility 2026

Amateurs du chien de race Déifferdeng

De leschte Weekend war d'Landesmeeschterschaft am Agility, wou eise Veräin erem net schlecht oofgeschnidden huet.
Eis Intermediate Ekipp mam Julie Celmar an Phenix, Morocutti Luana a Lexie, an Dan Feyder mam Magic si Champion de Luxembourg an der Ekipp.
Eis Medium Ekipp mam Steffen Christiane an Joy, Celmar Julie an Ink an Dan Mendes mam Easy kommen op déi gut 3 Plaatz.
Am Eenzel ginn d'Julie mam Phoenix Vize-Championne an den Dan mam Magic Champion de Luxembourg Intermediate.
Am Medium gët d'Julie mam Ink Vize-Championne an den Dan Mendes mam Easy kënnt op déi drëtt Plaz. D'Christian huet et mam Joy op déi 4.Plaz gepackt.
Hei d'Fotoe vun der Siegerehrung.

Fotograféiert vum Gilles Poncin + Mara Mendes Nero